Jean-Marie Lustiger
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Aron Jean-Marie Lustiger, gebuer Aron Lustiger, de 17. September 1926 zu Paräis, an och do gestuerwen de 5. August 2007, war e franséische Geeschtlechen.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Jean-Marie Lustiger | |
---|---|
Gebuer |
17. September 1926 Paräis |
Gestuerwen |
5. August 2007 Paräis |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Faculté des lettres de Paris, Institut catholique de Paris |
Aktivitéit | Theolog, Schrëftsteller, kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
Member vun | Académie française |
Zoumaachen
Hie koum aus enger jiddescher Famill an huet sech am Alter vu 14 Joer zum chrëschtleche Glawe bekéiert. Vun 1979 bis 1981 war hie Bëschof vun Orléans.
Duerno war hien Äerzbëschof vu Paräis an tëscht 1981 an 2005 de Chef vun der Réimesch-kathoulescher Kierch a Frankräich. 1983 gouf e vum Poopst Jean-Paul II. zum Kardinol ernannt.