Marshallplang
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Marshallplang, offiziell European Recovery Program (kuerz ERP), war e Programm, mat deem d'Vereenegt Staate vun Amerika nom Zweete Weltkrich Westeuropa mat Hëllef vu Kreditter, Matière premièren, Liewensmëttel a Wueren, tëscht 1948 an 1952 ekonomesch nees op d'Been gehollef hunn.
E war 12,4-Milliarden Dollar grouss a gouf den 3. Abrëll 1948 vum Kongress vun de Vereenegte Staaten gestëmmt. De President Harry S. Truman huet en nach den Dag selwer ënnerschriwwen an a Kraaft gesat.
D'Hëllefe goufen un d'Memberstaate vun der Organisation for European Economic Co-operation (OEEC) verdeelt.
D'Iddi geet op den US-Ausseminister (1947–1949) George C. Marshall zeréck.
Nieft dem Zil, der Bevëlkerung vun Länner an Europa, déi zum Deel Honger gelidden hunn, direkt ze hëllefen, hat de Plang och d'Komponenten, d'Sowjetunioun an de Kommunismus zeréckzedrängen ("Containment-Politik") an en Ofsazmaart fir d'US-amerikanesch Iwwerproduktioun ze schafen.