Peter van de Kamp
US-amerikaneschen Astronom / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Peter van de Kamp, gebuer de 26. Dezember 1901 als Piet van de Kamp a gestuerwen den 18. Mee 1995, war en hollännesch-US-amerikaneschen Astronom. Hie gouf bekannt duerch seng Recherchen iwwer de Feilstär vum Barnard.
Peter van de Kamp | |
---|---|
Gebuer |
26. Dezember 1901 Kampen |
Gestuerwen |
18. Mee 1995 Amsterdam |
Nationalitéit | Holland, USA |
Educatioun |
Universitéit vun Utrecht, Universitéit Groningen, University of California |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
Member vun | Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen |
De Van de Kamp huet vun 1923 un an den USA gelieft. Am Ufank huet hien um Leander McCormick Observatory geschafft, spéider dann um Lick Observatory. 1925 gouf hie promovéiert an ass zeréck an de McCormick Observatoire gaangen.
1937 gouf hie Direkter vum Sproul Observatoire, Swarthmore College. Do huet den Astrometrie-Spezialist ugefaangen d'Beweegunge vum Barnard-Stär ze observéieren. An den 1960er Joren huet hie vu periodesche Schwankungen ("wobbles") an der Eegebeweegung vum Stär geschriwwen, déi hien op een oder zwéi planetär Begleeder mat Massen änlech wéi d'Planéite Jupiter a Saturn zeréckgefouert huet. Spéider huet sech erausgestallt, datt d'Ursaach vun de Schwankunge bei engem systematesche Instrumentefeeler louch.