Sonnenänleche Stär
From Wikipedia, the free encyclopedia
E sonnenänleche Stär ass e Stär, dee wéinst senger Gréisst, Liichtkraaft, Spektralklass oder jee no Kontext a weidere Parameteren der Sonn gläicht. De Begrëff gëtt an der englescher Fachsprooch méi prezis mat den dräi Attributer: solar-type, solar analog a solar twin ausgedréckt, woubäi déi an där Reiefolleg opgezielt Stäreparametere par Rapport zur Sonn vu vir no hanne méi no leien. D'Observatioun vu sou Stären ass fir d'Versteesdemech vun de Sonneneegeschaften am Verglach zu anere Stären (an ëmgekéiert) wichteg, speziell fir Parameteren déi bei der Sonn iwwer Moossmethoden zougänglech sinn, an déi bei anere Stären net méiglech sinn.