The Battle Hymn of the Republic
From Wikipedia, the free encyclopedia
The Battle Hymn of the Republic ass eent vun de bekanntste patriotesche Lidder aus den USA.
Den Text gouf wärend dem Amerikanesche Biergerkrich vun der Abolitionistin Julia Ward Howe geschriwwen. Et sinn nei Verse fir de populären abolitionistesche Marsch "John Brown's Body". Am Feburuar 1862 goufe se fir d'éischt am "The Atlantic Monthly" gedréckt.
Den Numm vum bekannte Roman vum John Steinbeck, "The Grapes of Wrath" , ass een Zitat aus dem zweete Vers vun dëser Schluechthymne, dee selwer op d'Offenbarung (14,19) hiweist.
1960 huet de mormoneschen Tabernakelchouer ee Grammy fir eng Opnam vun der Hymne, an där d'Wierder "let us die to make free men" duerch "let us live to make free men" ersat goufen.