Äerdachs
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Äerdachs ass d'Rotatiounsachs vun eiser Äerd. Si verleeft duerch de Schwéierpunkt vum Äerdkierper, de sougenannte Geozentrum. Déi onendlech Verlängerung vun dëser Achs nennt een Himmelsachs.
- Hire (mëttlere) Schnëttpunkt mat der Äerduewerfläch leet de geographeschen Nord- a Südpol fest. D'magnéitesch Polen hänken dogéint net direkt mat der Lag vun der Äerdachs zesummen.
- Hire (fiktive) Schnëttpunkt mat der Himmelskugel leet den nërdlechen a südlechen Himmelspol fest. Den Himmelsnordpol fält am Ament bal mat dem Polarstär zesummen.
- D'Äerdachs definéiert als Normal am Äerdmëttelpunkt ee Plang. Dëse Plang heescht Equatorialplang.
Als Folleg vun der Achseschréi vun ongeféier 66,56 Wénkelgrad vis-à-vis vum Plang vun der Ekliptik, dem mëttlere Bunneplang vun der Äerd – dat entsprécht den 23,44° tëscht Equator an Ekliptik, och als Äerdschréi bezeechent – entstinn d'Joreszäiten.