Anden
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Anden sinn déi längst Gebiergskette vun der Welt (zirka 7000 km). Se zéie sech laanscht d'Westküst vu Südamerika vu Venezuela iwwer Kolumbien, Ecuador, Peru, Bolivien, Argentinien am Chile. Se bestinn aus 2 oder méi parallelen Haaptketten. Am mëttelste Segment a Peru, Bolivien, Nordchile an Nordargentinie leien déi Kette wäit auserneen, se ëmkreesen d'Héichland (Altiplano), wou matzen dran den Titicaca-Séi läit. Den Zentrum vum Inkaräich, Cuzco, läit nërdlech vum Héichland.
Am Süde vum Ecuador sinn d'Ande bis 200 km breet; tëscht Arica (Chile) a Santa Cruz de la Sierra (Bolivien) am Oste si s'iwwer 600 km breet.