Apollo-Programm
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Apollo-Programm war en Raumfaart-Projet vun der USA. Et hat fir d'éischt a bis elo eenzeg Kéier Mënschen op den Äerdmound bruecht. De Programm gouf vun der National Aeronautics and Space Administration (NASA) tëscht 1961 an 1972 bedriwwen.
An en ettleche Schrëtt hat d'NASA Technike gepréift, déi fir eng Moundlandung wichteg soll sinn, wéi z. B. d'Navigéieren an d'Koppelen am Weltraum oder d'Verloosse vun engem Raumschëff am Raumkostüm. Vill wichteg Tester goufen an der Virbereedung am Gemini-Programm duerchgefouert. Déi éischt bemannte Moundlandung selwer war den 20. Juli 1969. No fënnef weidere Landunge gouf mam Programm 1972, och aus Käschtegrënn, opgehalen. Zanter där Zäit huet bis haut kee Mënsch méi de Mound betratt.