Charles Baudelaire
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Charles-Pierre Baudelaire, gebuer den 9. Abrëll 1821 zu Paräis an och do den 31. August 1867 gestuerwen, war e franséische Schrëftsteller. Hie gëtt haut zu deene bedeitendste franséische Lyriker gezielt an doriwwer eraus als e Pionéier vun der moderner europäescher Lyrik. Säi bekanntst Wierk ass seng Gedichtssammlung Les Fleurs du mal (1857).
Charles Baudelaire | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles-Pierre Baudelaire |
Gebuer |
9. Abrëll 1821 Paräis |
Gestuerwen |
31. August 1867 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Lycée Louis-le-Grand |
Aktivitéit | Dichter, Konschtkritiker, Essayist, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Literaturkritiker, Iwwersetzer, Kritiker, Journalist |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Jeanne Duval |
Amplaz Droit ze studéieren an eng Diplomatekarriär ze maachen, wéi säi Stéifpapp et gär gesinn hätt, huet de jonke Baudelaire léiwer e Bohème-Liewen als Dichter gefouert. Hien hat eng Relatioun mat enger Prostituéierter, an huet, nodeems e volljäreg gi war a sech säin Ierfdeel gefrot hat, d'Suen ugefaangen, als Dandy dropzemaachen, andeems e se fir Partien, Drogen a seng Frëndin Jeanne Duval ausginn huet. Seng Famill huet e Geriichtsuerteel erreecht, dat hien ënner d'Momperschaft vun engem Nottär gestallt huet, sou datt en de Rescht vun de Sue just nach all Mount als Rent ausbezuelt krut.
Als Schrëftsteller hat hien ufanks wéineg Succès; hien huet e puer Gedichter an Zeitungen ofgedréckt kritt, an 1846 - 1847 koumen, och an Zeitungen, zwou Novellen eraus: Le jeune enchanteur a La Fanfarlo. Hien huet begeeschtert d'Februarrevolution 1848 ënnerstëtzt a politesch Texter geschriwwen an an enger Zeitung erausginn. Mat de revolutionäre Bestriewungen ass et allgemeng, an och beim Baudelaire, séier biergof gaangen, wéi de Louis Napoléon Bonaparte bis un der Muecht war.
Zënterhier huet de Baudelaire just nach onpolitesch Lyrik, Kuerzprosa, Essayen, Portraite vun Auteuren a Buchkritike geschriwwen. Ausserdeem huet hien d'Wierk vum amerikanesche Schrëftsteller Edgar Allan Poe op franséisch iwwersat an de Poe, deem e sech am Geescht no gespiert huet, sou a Frankräich bekannt gemaach.
Säi Gesondheetszoustand (nieft reegelméissegem Alkohol- an Drogekonsum, "les paradis artificiels" hat hie sech d'Syphillis opgeraf), wéi och dee vu senge Finanzen, war zum Enn vu sengem Liewe chronesch schlecht. 1864-1866 ass en op Bréissel wunne gaangen, am Hoffes, do nei unzefänken a grouss erauszekommen, mä do gouf näischt draus. No engem Hiereschlag koum en hannescht op Paräis, wou en, ee Joer dono, mat just 46 Joer, gestuerwen ass.