Churchill Barriers
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Churchill Barriers sinn eng Serie vu véier Dämm tëscht den Orkney Islands a Schottland, mat enger Totallängt vun 2,3 km. Si verbannen d'Orkney-Mainland am Norde mat der Insel South Ronaldsay iwwer Burray an déi zwou méi kleng Insele Lamb Holm a Glimps Holm.
Déi Barriäre goufen an den 1940er Jore gebaut, fir d'Affarte vum Hafe vu Scapa Flow ze blockéieren. Haut si s'an d'Stroossennetz mat agebonnen, an d'Strooss A961 vu Kirkwall op Burwick féiert driwwer.