Eurovision Song Contest 2008
53. Eurovision Song Contest / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 53. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen den 20. an 22. Mee a seng Finall de 24. Mee 2008 an der Belgrad-Arena an der serbescher Haaptstad Belgrad. Presentateure waren d'Jovana Janković an de Željko Joksimović.
53. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | Confluence of Sound |
Datum | 20., 22. a 24. Mee 2008 |
Stad | Belgrad (Serbien) |
Gebai | Belgrad-Arena |
Gewënner | Dima Bilan (Russland) |
Zuel vu Länner | 43 |
Nei Participatiounen | Aserbaidjan, San Marino |
Moderatioun | Jovana Janković a Željko Joksimović |
Interval Act | Finall: Goran Bregović |
Ofstëmmungsreegel | All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.. |
Aserbaidjan a San Marino sinn nei derbäikomm. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 14 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, d'Slowakei, Éisträich a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 43 Länner matgemaach wat e neie Rekord duergestallt huet.
Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, de Roberto Meloni (Deel vu Pirates of the Sea) fir Lettland 2007 (Deel vu Bonaparti.lv), den Dima Bilan fir Russland 2006 an d'Charlotte Perrelli fir Schweden 1999 (Gewënner).
Dëst Joer si fir d'éischt zwou Halleffinallen agefouert ginn, wou alleguer d'Länner hu misse matmaache fir sech fir d'Finall ze qualifizéiere mat Ausnam vun de Grousse Véier (Big-4) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien) an dem Land dat d'Organisatioun vum Grand Prix iwwerholl huet, an dësem Joer also Serbien.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. Och dëst Joer ass den Televoting duerch d'Spectateure vun alle Länner benotzt ginn fir ofzestëmmen. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Belgrad matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vu Russland, den Dima Bilan mam Lidd Believe mat 42 Punkte Virsprong virum Ani Lorak (Ukrain). Déi drëtt Plaz krut d'Kalomoira, déi fir Griicheland ugetruede war.
Fir Russland war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.
An dësem Joer ass d'Eurovisioun fir d'éischt live am Internet (op eurovision.tv) iwwerdroe ginn (gestreamt).
De Gewënner Dima Bilan krut, wéi schonn dat Joer virdrun agefouert, eng sougenannt Gewënner-Tour, mat follgenden Etappen: 28. Mee Finnland, 29. Mee Schweden an Norwegen, 30. Mee Irland, 31. Mee Groussbritannien an Däitschland, 1. Juni Belsch, 2. Juni Frankräich, 3. Juni San Marino.
De kroateschen Interpret 75 Cents war mat 75 Joer dee bis ewell eelsten Interpret bei engem Eurovision Song Contest. Hien huet säi Kënschtlernumm gewielt mat Uspillung op säin Alter an op den US-amerikanesche Rapper 50 Cent.