Galápagosinselen
Archipel am Pazifeschen Ozean ëm den Equator / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Galápagosinselen (op Spuenesch Islas Galápagos, offiziell Archipiélago de Colón) bilden en Archipel vu vulkaneschen Inselen am Pazifeschen Ozean ëm den Equator, ronn 1.000 km westlech vum Land Ecuador.
Galápagosinselen | |
---|---|
Geographie | |
Land | Ecuador |
Läit an/am | Pazifeschen Ozean |
Koordinaten | 0°40'0"S, 90°33'0"W |
Fläch | 7.880 km² |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Provënz Galápagos |
Demographie | |
Awunner | 25.000 |
Awunnerdatum | 2010 |
Aner Informatiounen | |
Entdeckt | 10. Mäerz 1535 (julianesch) |
Zäitzon | UTC−6 |
Den Archipel besteet aus 19 méi oder manner groussen, an Dosende vu verstreete, klenge bis winzegen Inselen, déi zesummen eng Provënz, mat der Haaptstad Puerto Baquerizo Moreno, vun Ecuador bilden. Nëmme véier Insele si bewunnt, mat zesummen 30.000 Awunner.
Den Numm Galápagos kënnt vum Spuenesche galápago, Suedel, dëst wéinst der opfälleger Suedelform vum Panzer vun enger Partie vun de Rise-Landschildkröten op den Inselen.
De ganzen Archipel, zesumme mat dem Mier ronderëm, gehéiert zum Galápagos-Nationalpark, dee streng geschützt ass.
D'Galápagosinsele si berüümt wéinst hire villen endeemeschen Aarten (Aarten déi nëmmen do virkommen) an och wéinst dem Openthalt vum Charles Darwin am Joer 1835, deen do e wichtegen Ustouss fir d'Opstelle vu senger Evolutiounstheorie fonnt huet.