Jugoslawien
Staaten a Mëttel- a Südosteuropa / From Wikipedia, the free encyclopedia
Jugoslawien (serbokroatesch Југославија/Jugoslavija, sloweenesch Jugoslavija, mazedonesch Југославија, albanesch Jugosllavia, ungaresch Jugoszlávia, wiertlech iwwersat Südslawien) war vun 1918/1929 bis 1992 respektiv 1992 bis 2003 d'Kuerzform vun engem Staatsnumm, deen e puer Staaten a Mëttel- a Südosteuropa bezeechent huet, déi a verschiddener territorialer a politescher Form existéiert hunn.
Ënnerscheede muss een dat kinneklecht, dat haut sougenannt éischt Jugoslawien (1918–1941), dat sozialistescht zweet Jugoslawien (1943/45–1991/92) an d'Bundesrepublik Jugoslawien déi aus Serbien a Montenegro bestanen huet (1992–2003).
Vun 2003 bis 2006 hunn déi verbliwwen Deelrepublike Serbien a Montenegro de Staatebond Serbien a Montenegro forméiert, dee sech am territorialen a vëlkerrechtlechen Ëmfang net vun der Bundesrepublik Jugoslawien ënnerscheet huet.