Katsushika Hokusai
japanesche Xylograph / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Katsushika Hokusai (Japanesch: 葛飾北斎), gebuer warscheinlech den 31. Oktober 1760 zu Edo (haut Tokyo) a gestuerwen den 10. Mee 1849, war e japanesche Kënschtler.
Katsushika Hokusai | |
---|---|
Gebuer | 31. Oktober 1760 |
Gestuerwen | 10. Mee 1849 |
Nationalitéit | Japan |
Aktivitéit | Moler, Illustrateur, Kënschtler, Graphiker, Graveur, Designer, Bauzeechner, visuelle Kënschtler, Zeechner |
Famill | |
Bestuet mat | onbekannt, onbekannt |
Den Hokusai huet virun allem Ukiyo-e (japanesch Xylographië) gemaach, am Ganzen eng 30.000 Wierker. Hien huet an alle Genrë vun Ukiyo-e geschafft, mä am bekanntste vun him si seng Landschaftsbiller. Dozou zielen och 36 Vuen op de Bierg Fuji.
Mat 18 Joer huet hien ugefaangen, am Atelier vum Ukiyo-e-Kënschtler Katsugawa Shunso ze schaffen, deen op Portraite vu Schauspiller spezialiséiert war. 1785 ass hie wéinst artistesche Meenungsverschiddenheeten aus dem Atelier fortgaangen. Duerno huet hie sech missen duerchschloen, huet awer och niewelaanscht Konscht studéiert. Den Hokusai huet Illustratioune fir Bicher an Holzschnëttdrocker kreéiert, meeschtens Zeenen aus dem Alldag, an och japanesch Legenden an Traditiounen.