Li Peng
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Li Peng (Chineesesch: =李鹏), gebuer den 20. Oktober 1928 zu Chengdu an der Provënz Sichuan, a gestuerwen den 22. Juli 2019 zu Peking, war e Politiker aus der Volleksrepublik China.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Li Peng | |
---|---|
Gebuer |
20. Oktober 1928 Shanghai |
Gestuerwen |
22. Juli 2019 Peking |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | China |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Chineesesch kommunistesch Partei |
Zoumaachen
Hie war vun 1998 bis 2003 President vum Nationale Vollekskongress vun der Volleksrepublik China. Hien hat och dat zweethéchst Amt an der Kommunistescher Partei vu China am Politbüro vun der Partei, nom Jiang Zemin. Vun 1987 bis 1998 war de Li Premierminister vun der Volleksrepublik China a President vum Staatsrot. Och virdru schonn hat hien zanter dem Enn vun den 1970er Joren, héich Posten an der Partei an an der Staatsféierung.