Manned Orbiting Laboratory
From Wikipedia, the free encyclopedia
De bemannte Weltraumlaboratoire Manned Orbiting Laboratory (MOL) vun der USA sollt eng Spionage-Plattform fir d'Iwwerwaachung vum sowjeteschen Territorium ginn. Et war en Deel vum bemannte Raumfaartprogramm vun der US Air Force a gouf den 10. Dezember 1963 als Nofolleg vum X-20 Dyna-Soar-Programm, deen op Äis geluecht gi war, ugekënnegt. Mam Programm gouf awer den 10. Juni 1969 opgehalen, ouni datt e Raumfluch gemaach gouf. D'Missioune sollte mat enger Titan-IIIM-Rakéit gestart ginn, där hir Entwécklung allerdéngs ni fäerdeg gouf.
Déi zweekäppeg Crew vum MOL sollt zesumme mam jeeweilege Raumlaboratoire an engem modifizéierte Gemini-Raumschëff, dat als Gemini-B bezeechent gouf, gestart ginn a bis zu 40 Deeg am All bleiwen. D'Raumschëff war fest mam Laboratoiresmodul verbonnen a wier eréischt um Enn vun der Missioun ofgetrennt ginn, fir souwuel d'Astronaute wéi och d'Filmmaterial op d'Äerd ze bréngen. En Ukoppelen vun anere Raumschëffer, wéi et bei Raumstatioune méiglech ass, war net virgesinn. Nom Zeréckkomme vun der Crew hätt de MOL net nees bemannt kënne ginn.
D'Spionageausrëschtung vum MOL-Projet gouf wärend dem Keyhole-Opklärungssatellitteprogramm als KH-10 Dorian bezeechent. Nodeems mam MOL-Programm opgehale gouf, goufen d'Opklärungsaufgabe vun de parallel entwéckelten, onbemannte KH-9-Hexagon-Satellitten iwwerholl.