Pegasus (Rakéit)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi amerikanesch Drorakéit Pegasus gouf vun der Orbital Sciences Corporation entwéckelt a kann eng Notzlascht vun zirka 450 kg an en niddregen Äerdorbit bréngen.
De Start gëtt vun engem Fliger aus gemaach. Am Ufank gouf dofir eng Boeing B-52 gebraucht, duerno eng Lockheed L-1011 TriStar. Beim Start ass d'Rakéit horizontal ausgeriicht a fält 5 Sekonne laang vum Fliger, ier déi éischt Stuf zünt. D'Rakéit besteet aus dräi Stufen, déi all mat festem Dreifstoff bedriwwe ginn, optional kann eng weider mat Hydrazin bedriwwe Stuf ugebaut ginn.
Den éischte Start war de 5. Abrëll 1990. Eng méi staark Versioun, déi fir d'éischt de 27. Juni 1994 gestart gouf, gëtt Pegasus XL genannt. Bis Abrëll 2007 gouf et 41 Rakéitestarten, 35 dovu waren erfollegräich.