Spitzer-Weltraumteleskop
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Spitzer-Weltraumteleskop (engl. Spitzer Space Telescope, SST), fréier SIRTF (vum engl. Space Infrared Telescope Facility) genannt, ass eent no dem Astrophysiker Lyman Spitzer genanntent extraterrestrescht Infraroutteleskop. Et gouf de 25. August 2003 nach ënner dem Numm SIRTF mat enger Delta II 7920H-9.5-Rakéit vu Cape Canaveral gestart an dunn ëmgedeeft. Et ass nieft dem Hubble Space Telescope, dem Chandra X-Ray Observatory an dem Compton Gamma Ray Observatory en Deel vum Great Observatory Program vun der NASA. De Spitzer war fir eng Liewensdauer vu 5 Joer konzipéiert. D'Killmëttel fir d'Detektere war Mëtt Mee verbraucht, soudatt domat d'Haaptmissioun vum Weltraumteleskop eriwwer war. Duerno konnten nach just déi zwéi Kuerzwellekanäl vun der Infraroutkamera IRAC benotzt ginn.