Stéphane Grappelli
franséischen Jazz-Violinist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Stéphane Grappelli, gebuer de 26. Januar 1908 zu Paräis an och do den 1. Dezember 1997 gestuerwen, war e franséischen Jazz-Violonist.
Stéphane Grappelli | |
---|---|
Gebuer |
26. Januar 1908 Paräis |
Gestuerwen |
1. Dezember 1997 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich, Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Stroossekënschtler, Komponist, Jazzmuseker, Violonist, Filmschauspiller, Discographesche Kënschtler |
Hien huet sech d'Gei- a Pianospille selwer bäibruecht a gouf um Paräisser Conservatoire ugeholl; ouni je e Musekenseignant gehat ze hunn, an huet do tëscht 1924 an 1928 studéiert. Niewelaanscht huet hien a Kinoen an Danzensemble gespillt, fir e puer Su ze verdéngen. 1933 huet hien den Django Reinhardt kennegeléiert, an zesummen hu si de Quintette du Hot Club de France gegrënnt. Si hate vill Succès an hunn eng sëllege Placken erausginn. Beim Ausbroch vum Zweete Weltkrich waren se grad zu London. De Grapelli ass do bliwwen, iwwerdeems de Reinhardt hannescht a Frankräich goung.
Hien huet an England mam Pianist George Shearing eng nei Band gegrënnt, aus där dem Arthur Young säi Swingtette ervirgoung. Nom Krich huet hien nees mam Reinhardt zesumme gespillt. An den 1950er an 1960er huet de Stéphane Grappelli sech zu engem vun de prominentste Violonisten aus der Jazzzeen entwéckelt. Hien huet mat praktesch alle groussen Jazzmuseker zesummegespillt, sief et op Tournéeën oder op Placken.
Hien huet nach bis kuerz viru sengem Doud Placken opgeholl. Seng Äsche goufen am Columbarium vum Kierfecht Père-Lachaise bäigesat.