André Thyes
Lëtzebuergesche Moler (1867-1952) / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den André Thyes, gebuer de 25. Mee 1867[1] an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 3. Abrëll 1952,[2] war e lëtzebuergesche Moler.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler André Thyes. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. André Thyes (Homonymie). |
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
André Thyes | |
---|---|
Gebuer |
25. Mee 1867 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
3. Abrëll 1952 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Famill | |
Papp | Alphonse Thyes |
Geschwëster | Marguerite Thyes |
Kanner | Léon Thyes |
Zoumaachen
Den André Thyes huet zu München, Antwerpen, Paräis a Léiwen Konscht studéiert an ass 1894 an der Stad als Zeecheproff ugestallt ginn.
Schonn ee Joer virdru war hie mat derbäi, wéi de Cercle artistique de Luxembourg gegrënnt gouf, a vun 1904 bis 1910 deem säi President. Bis 1933 war e Konschtprofesser an der Industrieschoul.
Säi Wierk besteet virun allem aus Landschaftsbiller, Aquarellen an Uelegbiller, déi am Stil vum Impressionismus a Pointillismus gemoolt sinn.
Hie gouf mam Prix Grand-Duc Adolphe 1915 ausgezeechent.
Den André Thyes war de Papp vum Schrëftsteller Léon Thyes.