Aphrodite
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Aphrodite (gr.: Αφρoδιτη) ass an der griichescher Mythologie d'Gëttin vun der Léift, der Schéinheet an dem sënnleche Begier. Ausserdeem ass si eng vun den zwielef kanoneschen olympesche Gottheeten. Bei de Réimer gëtt d'Aphrodite Venus genannt.
Dës Säit beschäftegt sech mat der griichescher Gëttin Aphrodite. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Aphrodite (Homonymie). |
Nom Hesiod ass d'Aphrodite d'Duechter vum Uranos. Dem Uranos säi Jong Kronos huet him, op de Rot vu senger Mamm Gaia, d'Geschlechtsdeeler mat enger Séchel erofgeschnidden, a s'an d'Mier gehäit. D'Blutt an de Som hu sech mam Mier vermëscht, wat ronderëm opgeschäimt ass, a sou koum d'Aphrodite op d'Welt. Vum Wandgott Zephyr gouf si fir d'éischt op Kytheira bruecht, duerno ass d'Aphrodite un der Küst vun Zypern u Land gaangen, an huet hir Bléiss duerch e Bouquet Myrthe verstoppt. Hei hunn d'Hore si weider agekleet, an du gouf d'Aphrodite den Onstierfleche virgestallt.[1]
Nom Nonnos a Pausanias war et d'Gëttin Thalassa, «d' Séi», déi de Som empfaangen huet. Nodeem d'Aphrodite an den Olymp opgeholl gi war, huet den Zeus si adoptéiert.
- „Sie ist das erste Schöne, was sich aus Streit und Empörung der ursprünglichen Wesen gegeneinander entwickelt und gebilt hat. In ihr bildet sich die himmlische Zeugungskraft zu dem vollkommenen Schönen, das alle Wesen beherrscht und welchem von Göttern wie Menschen gehuldigt wird.“ (Gustav Schwab)
Dëse Mythos, no deem si och de Bäinumm "déi, déi aus dem Schaum gebuer ass" derbäikrut, gouf aus dem griichesche Wuertstamm ὁ ἀφρός; aphros – „Schaum“ zesummegesat. Dës Verbindung léisst sech haut awer etymologesch net méi novollzéien, an et ka sinn, datt den Numm Aphrodite méiglecherweis guer kee griicheschen Ursprong, mä en orientaleschen huet. Dëst géif och mat der Versioun vum Mythos iwwerenee stëmmen, an deem si zu enger vun den eelste Gottheeten, bal pre-olympesch gemaach gëtt, well et scho virum Hesiod an Homer e Kult ëm d'Aphrodite gouf, éier déi grouss olympesch Gëtter veréiert goufen.
Et gëtt och nach aner Mythen, iwwer d'Ofstamung vun der Aphrodite. Beim Homer ass si eng Duechter vum Zeus a vun der Dione. Aner Mythe besoen, si wier aus enger Muschel gebuer, wéi et och de Botticelli duergestallt huet. Weider Mythen nenne si zesumme mat den Erinyen an de Moiren als eng Duechter vum Kronos.
- Μοῦσά μοι ἔννεπε ἔργα πολυχρύσου Ἀφροδίτης,
Κύπριδος, ἥ τε θεοῖσιν ἐπὶ γλυκὺν ἵμερον ὦρσε
καί τ' ἐδαμάσσατο φῦλα καταθνητῶν ἀνθρώπων
οἰωνούς τε διιπετέας καὶ θηρία πάντα,
ἠμὲν ὅσ' ἤπειρος πολλὰ τρέφει ἠδ' ὅσα πόντος·
πᾶσιν δ' ἔργα μέμηλεν ἐυστεφάνου Κυθερείης.
(Homer, Hymnus, 5,1-6)
Et bleift domat onkloer, wou d'Aphrodite wierklech hierkomm ass, et ass och gutt méiglech, datt si uganks mat der semitescher Gottheet Astarte identesch war. Op hire Bäinumm Kypros drop hindeit datt d'Griiche si op Zypern kennegeléiert hunn, ass ëmstridden. Sécher ass awer datt do d'Veréierung besonnesch grouss war, sou wéi och op anere griicheschen Inselen, wéi z. B. Paphos. Et kann een awer dovun ausgoen, datt si iwwer d'Mier a Griicheland komm ass.