Chauvet-Hiel
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Chauvet-Hiel (op Franséisch: Grotte Chauvet-Pont d'Arc, op Okzitanesch: Bauma de Chauvet) ass eng Hiel 3 km südëstlech vu Vallon-Pont-d'Arc, am Departement Ardèche, net wäit vum Pont d'Arc, iwwer dem Cirque d'Estre, engem fréieren Ardèchemeander. Si gouf den 18. Dezember 1994 entdeckt, ë. a. vum Hobbyspeleolog Jean-Marie Chauvet, dohier den Numm. Déi aner Matentdecker waren de Christian Hilaire an d'Eliette Brunel-Deschamps. Si zielt zu de bedeitendsten archeologesche Plaze mat Hielemolereien a Rëtzzeechnungen op der Welt.[1] Bis ewell goufe méi wéi 400 Wandbiller mat ronn 1.000 gemoolten a gravéierten Déieren a Symboler repertoriéiert.
Mat der Radiokarbondatéierung konnt d'Presenz vu Mënschen an der Grott tëscht viru 37.000 bis 33.500 Joer (Aurignacien), an dann nees tëscht 31.000 bis 28.000 Joer virun haut (Gravettien) etabléiert ginn.[2] D'Zeechnunge si sou gutt erhalen, well viru ronn 22.000 Joer den Agank vun der Hiel zougefall ass.
D'Hiel besteet aus engem System vu véier grousse Säll mat enger Héicht vun 12 bis 14 Meter (de gréissten huet 40 × 60 Meter Fläch) a se breet sech horizontal op 240 × 100 Meter aus. Am Ganze si bis ewell ronn 8.140 Quadratmeter kartographéiert.
Fir d'Zeechnungen ze schützen, ass d'Hiel net zougänglech fir de Public. Just e puer Fuerscher däerfen do no streng reglementéierten Zäite schaffen.
Wéi se fonnt goufen, hunn hir Entdecker ugeholl, et wieren déi eelst Hielenzeechnunge vun der Welt.[3] Mëttlerweil gëllen awer d'Molereien an der spuenescher El-Castillo-Hiel an an de Karsthielen am Regierungsdistrikt Maros an Indonesien als nach méi al.[4]
Am Juni 2014 gouf d'Chauvet-Hiel op d'Lëscht vun de Weltkulturierwe vun der UNESCO opgeholl.