No Angels
däitsch Popgrupp / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'No Angels sinn eng däitsch Popgrupp, déi 2000 aus der Sendung Popstars ervirgaangen ass. Si waren déi éischt Grupp an Däitschland, déi an enger Castingshow forméiert gouf. Mat 5.000.000 verkaafte Placken a véier Singelen, déi et op déi éischt Plaz an den däitschen Charts bruecht hunn, zielen d'No Angels zu den erfollegräichste Girlgrouppen an Europa.
Méi Informatiounen D'No Angels beim Eurovision Song Contest 2008, Memberen ...
No Angels | |
---|---|
D'No Angels beim Eurovision Song Contest 2008 | |
Genre: | Popmusek |
Land: | Däitschland |
Grënnung: | 2000 |
Trennung: | 2003 |
Comeback: | 2007 |
Websäit: | noangels-music.de |
Memberen | |
Gesank: | Lucy Diakowska |
Gesank: | Sandy Mölling |
Gesank: | Jessica Wahls (bis 2002, erëm säit 2007) |
Gesank: | Nadja Benaissa (bis 2010) |
Gesank: | Vanessa Petruo (bis 2003) |
Zoumaachen
2003 huet d'Grupp sech getrennt an 2007 mam Album Destiny a mam Lidd Goodbye to Yesterday e Comeback gestart. 2008 hunn d'No Angels Däitschland beim Eurovision Song Contest 2008 zu Belgrad representiert a gouf mam Titel Disappear déi drëttlescht. Zanter 2010 sinn d'No Angels just nach en Trio an hu säitdem keen neit Material méi erausbruecht.