Weltraumschrott
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner Weltraumschrott (engl. "space debris"), versteet een netfunktional kënschtlech Objeten an enger Ëmlafbunn ëm d'Äerd.[1]
D'MASTER-2005 (Meteoroid and Space Debris Terrestrial Environment Reference) vun der ESA informéiert, datt iwwer 600.000 Objete mat engem Duerchmiesser vun iwwer 1 cm op Ëmlafbunnen ëm d'Äerd sinn. Ongeféier 13.000 Objete vu 5 cm un, gi mat Hëllef vum US-amerikanesche Space-Surveillance-Systems stänneg observéiert. Den Joint Space Operations Center vum United States Strategic Command hat 2009 vun iwwer 18.500 vum Mënsch hiergestallten Himmelskierper geschwat.
Am Kader vu Weltraumraumschrottkampagnen gi mat Radaranlagen an Teleskope sporadesch Miessunge gemaach, fir kleng Objete wéinstens statistesch z'erfaassen a Weltraumschrottmodeller wéi MASTER ze validéieren. Dat geléngt mat Hëllef vu bistateschem Radar mam Goldstone-Radioteleskop fir Objete bis zu 2 mm Duerchmiesser am äerdnoen Orbit (LEO). Fir de geostationären Orbit (GEO) hunn optesch Teleskopen déi mannst Grenzgréisst: 10 cm erreecht d'ESA Space Debris Telescope am Teide Observatoire op Teneriffa.
Eng weider Quell fir Informatiounen iwwer d'Weltraumschrottëmgéigend sinn zeréckgefouert Satellittenuewerflächen. Dozou zielen ënner anerem d'Solarzelle vum Hubble-Weltraumteleskop. Do goufe vill Aschléi erfaasst an ausgewäert. Spektroskopesch Analysen erméigleche Réckschlëss op d'Zesummesetzung a méiglech Quelle vun den ageschloenen Objeten.